Braucht Dir Hëllef an Ärem alldeegleche Liewen a wëllt Ären Alldag weiderhi fräi gestalte wéi bis elo? Dir wëllt nach laang an Ären eegene véier Wänn bleiwen?
Da setzt Iech kuerzerhand mat eis a Verbindung! Mir hëllefen Iech gären.
Ären Alldag mat eis:
Eis Mataarbechter si 7 Deeg an der Woch vu 06.00 bis 22.00 Auer fir Iech do a suergen dofir, datt Dir Ären alldeegleche Gewunnechten, déi Iech besonnesch um Häerz leie weiderhi kënnt nogoen. Folgend Hëllefsleeschtunge sinn ee Beispill dofir, wéi Ären Alldag mat eiser Hëllef kéint ausgesinn.
Moies hëllefe mir Iech zum Beispill:
- beim Opstoen: Wäschen, Duschen, d’Zänn botzen, d’Hoer kämmen, schminken a raséieren
- beim Undoen
- beim Trapen eropgoen a beim Fortbeweege bannen an/oder bausse vun Ärem Doheem
- beim Virbereeden an Drénke vum Kaffi a Schmiere maachen
- Mir kënne fir Iech d’Post siche goen, d’Zeitung eropbréngen, d’Rolllueden an d’Fënsteren opmaachen a villes méi
Mëttes an Nomëttes komme mir bei Iech heem fir:
- beim Virbereede vum „Repas sur Roues“ ze hëllefen
- Iech beim Iessen ze ënnerstëtzen
- Iech Gesellschaft ze leeschten
Owes si mir fir Iech do fir:
- beim Virbereede vum Owesiessen ze hëllefen
- beim Wäschen, Ausdoe vun de Kleeder an an d’Bett goen ze hëllefen
Wéi kommt Dir un eis Hëllef?
Rufft ënnert eiser Hotline un: 402080. Mir maachen zesumme mat Iech (an Ärer Famill an/oder Äre Léifsten) ee Rendez-vous aus a bechwätze gemeinsam déi nächste Schrëtt. Fir weider Hëllef am Stot, bei der Wäsch, klenge Reparaturen oder Déngschter déi Iech den Alldag erliichteren, kënne mir eng individualiséiert Offer fir Iech plangen. Eise Service à la Carte steet Iech zur Verfügung. Gären informéiere mir Iech ausféierlech a beroden Iech op eng individuell Manéier, déi Äre perséinleche Besoinen entsprécht.
Dir braucht méi Informatiounen?
Kontaktéiert eis um 402080 oder schreift eis : info@shd.lu