Krankefleeg doheem
Braucht Dir kuerzfristeg oder laangfristeg eng Fleeg doheem, déi vun Ärem Hausdokter verschriwwen ass?
All Akt vun der Fleeg, sief et vun der méi einfacher bis hin zu enger spezialiséierter, ka vun eise qualifizéierte Mataarbechter vun der Stëftung Hëllef Doheem geleescht ginn:
- Miesse vu medizinesche Parameter
- Preparatioun an Anhuelen vun de Medikamenter
- Verschidden Analysen, Miesse vum Blutzocker
- Sprëtzen (Insulin an aner), Infusiounen
- Verbänn
- Sondes-gastriquen, Sondes-urinairen
- Traitementer géint Péng
- Fleeg um Enn vum Liewen, palliativ Fleeg
- Berodung an Ënnerstëtzung fir datt Dir kënnt doheem bleiwen, och wann Dir krank sidd
Eis spezialiséiert Mataarbechter/FleegerInnen garantéieren Iech eng héichqualitativ Betreiung:
Fir eng kontinuéierlech Fleeg ze garantéieren, schaffen eis Hëllefs- a Fleegezentren enk mat de Clienten an hire Familljen, wei och mat den Dokteren an de Spideeler zesummen. Jidder Client kritt vun eise qualifizéierte FleegerInnen een individuelle Plang fir seng individuell Fleeg.
Fir d’Noutwendegkeeten (Transport, Verschreiwungen, Uschafe vu medizineschen Apparater, …) bei der Opnam a bei der Entloossung aus dem Spidol oder der Rehabilitatioun ze organiséieren, stinn eis Infirmier-de-liaisonen de Clienten an hire Famillje kompetent zu Säit.
Dir braucht méi Informatiounen?
Kontaktéiert eis um 402080 oder schreift eis : info@shd.lu