Mir sinn der Meenung, datt de Mënsch reegelméisseg Gesellschaft braucht. Dowéinst suerge mir an eise Zentren fir eng gutt Ambiance mat villfältegen Ureegungen/Aktiviéiten all Dag. Hei kënnt Dir stänneg nei Saachen entdecken a léieren, an souguer och d’E-Inklusioun kenneléieren. Dat wëll heeschen, datt mir mat eise Spillkonsolen an Tabletten um neiste Stand vun der Technik sinn an dës Iech fir Geschécklechkeetsspiller zur Verfügung stinn.
Natierlech kommen dobäi d’Zesummesinn, gutt Gespréicher a sozial Aktivitéiten net ze kuerz. Dir sollt Iech wuelfillen. Dofir hutt Dir d’Méiglechtkeet Afloss op d’Dagesgestaltung ze huelen a matzeschwätzen.
Géift Dir gäre méi Zäit a Gesellschaft verbréngen? Da sinn eis Dageszenteren genee dat Richtegt fir Iech. A falls Dir eemol eng Fleeg bräicht, sinn eis Foyere vollstänneg equipéiert. Dëst gëllt och fir Rollstullfuerer.
Leit Äre Familljemember un Demenz oder un enger schwéierer Krankheet? Och an dësem Fall sinn eis Dageszenteren eng gutt Alternativ. Rufft eis un, mir beroden Iech gären.
D’Offer an eise Dageszenteren riicht sech virun allem un eeler Leit, och un déi, déi Hëllef a Fleeg am Alldag brauchen. Fir eis ass et ganz wichteg, datt sech och si ugesprach fillen a mat agebonne kënne ginn. Si kënnen duerch eis Offer an de Dageszenteren zäitweileg entlaascht ginn. Eis Dageszenteren si vu méindes bis samschdes op.


