Zesumme mat eisen externe Partner offréiere mir Iech genee déi Servicer, déi Dir dofir braucht. Äert Wuelbefanne läit eis um Häerz. Eis Offere ginn individuell un Är perséinlech Situatioun adaptéiert.
. Aarbechten am Stot
. Reperatur- a Renovatiounsaarbechten
. Opraumaarbechten
. Schnéischëppen
. Gaardenaarbecht
. Méie vum Wuess
. Alentoure propper halen
. Kommissioune maachen an akafe goen
. Kommissiounen online maachen
. Versuerge vun Hausdéieren
. Dages- an Nuetsgarde
. Administrativ Tâchen
. SNCT Kontroll
. Hëllef beim Plënneren
Donieft bidde mir eise Clienten de Service Senior Plus un. Dëse proposéiert individuell an op Är Situatioun zougeschnidden Hëllefsdéngschter am Fall vun:
. sozialen a gesondheetleche Schwieregkeeten
. Aschränkungen an der Mobilitéit oder physesch Onbeweeglechkeet
. Eleng sinn a perséinleche Problemer
. engem Sécherheetsbesoin fir Iech an Äert Doheem


