Dir hat een Accident, eng laangwiereg Krankheet a braucht eng Ënnerstëtzung vu Fachleit fir Är Beweeglechkeet a Mobilitéit zeréckzegewannen, géint d’Péng virzegoen a se besser ze erdroen? Dann ass eise Service Activités spécialisées do fir Iech ze hëllefen!
Vill Aktivitéiten, deenen Dir am Alldag nogaange sidd, kënnen no verschiddene Krankheeten, z.B. bei Péng oder enger kierperlecher Behënnerung, net méi duerchgefouert ginn. D’Zil vun den Ergotherapeute vun der Stëftung Hëllef Doheem ass et Iech z’erméiglechen, Ären Alldag selbststänneg meeschteren ze kënnen an esou um gesellschaftleche Liewen deelzehuelen an Är Liewensqualitéit eropzeschrauwen.
D’Ergotherapie ënnerstëtzt a begleet Mënsche vun all Alter, déi riskéieren onfäeg an hirer Mobilitéit ze ginn oder deenen eng limitéiert Beweegung bevirsteet. Opgrond vun der Diagnos vun dem Ergotherapeut gëtt ee Programm fir d’Stimuléieren an d’Rehabilitatioun virgeschloen. Doriwwer eraus gitt Dir vun den Ergotherapeuten iwwert d’Installatioun an d’Benotze vun de verschiddenen Hëllefsmëttele doheem beroden.
Jee no Gravitéit vun de Symptomer kann de Besoin fir eng Hëllef a Fleeg net nëmme fir déi betraffe Leit selwer eng Erausfuerderung sinn, mee och fir d’Famill. Dës Zoustänn sinn dacks schwiereg ze erdroen a belaaschten dat ganzt familiäert Ëmfeld. Psychesch Stéierunge kënnen entstoen, wann déi perséinlech Ressourcen a Méiglechkeete fir d’Bewältege vun der entstanener Situatioun net méi duerginn. An dëse Fäll ass eng psychologesch Berodung sënnvoll. Gemeinsam mat de Clientë ginn dofir individuell Ziler definéiert, déi zu enger adequater an ugepasster Ënnerstëtzung an der jeeweileger Liewenssituatioun bäidroe sollen.
D’Kinesitherapie schafft mat aktiven a passive Behandlungsmethoden a mat verschiddenen Zorte vu Massagen. Fir vun der Kinesitherapie profitéieren ze kënnen, braucht Dir eng Ordonnance. Kinesitherapeutesch Traitementer doheem sinn ëmmer op déi individuell Ressource vum Client ugepasst an zilen dorop seng Mobilitéit ze erhalen, se ze erweideren an ze stimuléieren. Ausserdeem ginn duerch déi verschidden Exercicen dat perséinlecht Wuelbefannen an d’Autonomie vun den eenzele Persoune gefërdert.
Eng Ernärungsberodung hëlleft de Leit mat Stoffwiesselkrankheeten, Allergien, Problemer vum Verdauungstrakt, Diabetes II oder bei staarkem Iwwergewiicht. Eng Berodung ass jiddefalls ze recommandéieren, well eng villsäiteg a gesond Ernärung zu enger gudder Hygiène de vie bäidréit. Doduerch, datt Informatiounen iwwert ernärungsphysiologesch Zesummenhäng weidergi ginn an esou individuell ugepassten Ernärungspläng opgestallt kënne ginn, profitéiert de Client vun enger Ernärungsberodung, déi et als Zil huet d’Gesondheet ze erhalen oder se erëm hierzestellen. Ee weidere Schwéierpunkt vun der Ernärungsberodung ass d’Präventioun vu Krankheeten. Hei gëllt et op falsch Iessgewunnechten opmierksam ze maachen, eng gesond Ernärung ze fërderen an esou ernärungsbedéngte Krankheeten aus dem Wee ze goen.
All Joer bitt d’Stëftung Hëllef Doheem verschidde Coursen am Gesondheets- a Fleegesecteur un. D’Sujeten am Cours hänke vun der Nofro an de Wënsch vun de Nooste vun de Betraffenen, déi op d’Hëllef a Fleeg ugewise sinn, of. Méiglech Themen an de Course sinn: Ophieftechniken, Ernärungsberodung fir Diabetiker an eeler Leit, Coursen iwwer Demenz, Ëmgang mat Stress, d’Upasse vun de Wunnengen asw.
Niewent der Berodung an de prakteschen Exercicen, ass den Erfarungsaustausch mat anere betraffene Persounen ee wichtege Bestanddeel vun de Coursë.




