Steet Iech deemnächst eng Operatioun oder eng medezinesch Behandlung am Spidol bevir? Dir an Är Familljemembere maachen Iech Suergen? Eist Team vun den Infirmier-de-liaisonen kann Iech wärend an no Ärem Openthalt am Spidol ënnerstëtzen.
Eis Infirmier-de-liaisonen schloen déi esou wichteg Bréck tëschent dem stationäre Secteur an der ambulanter Fleeg. Hir Aufgab konzentréiert sech op d’Koordinatioun vun der Fleeg vun de betraffene Clienten. Eist Team vun den Infirmier-de-liaisonen ass deemno, tëschent de Spideeler an de Fleegedéngschter, dat Mëttelstéck, wat ee flëssegen Oflaf sécherstellt.
Eis Infirmier-de-liaisonen iwwerhuele folgend Aufgaben:
Mat de Spezialisten
- Si stinn am direkte Kontakt mat den Assistant-sociallen aus de Spideeler an dem Fleegesecteur
- Si féieren interdisziplinär Gespréicher (mat den Dokteren, Ergotherapeuten, Infirmiers en gériatrie)
- Si organiséieren an iwwerpréiwe fir déi aktuell an zukünfteg Clienten d’Ordonnance-médicallen an aner Dokumenter an Zesummenaarbecht mam Fleegepersonal
Mat dem Client an/oder senger Famill
- Si schloe vir, wéi vill Kéieren d’Mataarbechter vun der Hëllef an der Fleeg doheem passéiere sollen a beroden Iech iwwer weider Hëllefsleeschtungen
- Si informéieren Iech iwwer méiglech Käschten, déi optriede kënnen (an net am Kader vun der CNS oder enger Fleegeversécherung iwwerholl ginn)
- Si schätzen de Rehabilitatiounsprogramm an, dee virum Heemgoe fir een automoont Liewen néideg ass (z.B. ee Passage zu Kolpech oder am Rehazenter)
Mat dem Reseau vun der Hëllef an der Fleeg doheem
- Si halen de Kontakt mat dem Hëllefs- a Fleegereseau während dem kompletten Openthalt am Spidol
- Si këmmeren sech ëm d’Fiche-de-transferten, déi vum Spidol oder dem Dokter iwwerreecht an un d’Mataarbechter vun der Fleeg weidergeleet ginn
- Si informéieren déi eenzel Hëllefs- a Fleegeservicer vun der Stëftung (Activités de proximité, Activités spécialisées, Hëllef am Stot, Nuetswaach, Palliativfleeg, Sécher Doheem LINKS) an organiséieren de weideren Oflaf
Dir braucht méi Informatiounen?
Kontaktéiert eis um 402080 oder schreift eis : info@shd.lu