Informéiert Iech iwwer déi grouss Offer u Coursen, déi d’Stëftung ubitt! D’Coursë ginn op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch ugebueden.
Wann d’Fleeg vun engem Familljemember doheem iwwerholl gëtt, soll déi Persoun een Abléck an d’Fleeg kréien. Dofir bitt d’Stëftung Hëllef Doheem verschidde Coursen am Fleege- a Gesondheetsberäich un.
Nieft der Berodung a prakteschen Übungen, kënne sech d’Participantë mat anere Betraffenen austauschen an d’Erfarunge vun der Fleeg deelen – dëst ass ee wichtege Bestanddeel vun de Coursen.

