Monsieur Kleinschmidt

Méi laang, confortabel a sécher doheem bleiwen.

D’Stëftung Hëllef Doheem bitt de personaliséierte Service „Senior Plus“ un, deen Iech an Ärem Alldag ënnerstëtzt. An dësem Kader kritt Dir vun eis eng individualiséiert a kompetent Berodung, déi Iech hëlleft an Iech esou d’Liewen erliichtert.

Fillt Dir Iech dacks eleng? Spiert Dir Iech heiansdo onwuel oder an Ärer Gesondheet ugeschloen? Braucht Dir vun Zäit zu Zäit Hëllef an Ënnerstëtzung? Sidd Dir net méi esou gutt zu Fouss wéi fréier? Hutt Dir ee perséinleche Problem? Braucht Dir alt een oppent Ouer? Wëllt Dir Iech Äert Liewen erliichteren? Braucht Dir Ënnerstëtzung oder Informatioune fir verschiddenen Tâchen am Alldag?

De Service „Senior Plus“ bitt eng individuell an op Iech zougeschnidde Berodung – adaptéiert un Är perséinlech a familiär Situatioun. Hei e puer Themae vum Programm:

  • Ënnerstëtzung am Alldag (an Ärer Gemeng oder Regioun),
  • Hëllef am Stot (Wäschen, Kachen, Begleedung beim Akafen, …),
  • Sozial a gesondheetlech Sujeten (Fleegeversécherung, Gesondheetskeess, Froen iwwer Gesondheet, Ernärung, …),
  • Aschränkungen an der Mobilitéit oder physesch Onbeweeglechkeet (technesch Hëllefsmëttelen, Transportmëttelen),
  • Eleng sinn oder perséinlech Problemer (Fräizäitaktivitéiten, kulturell Ausflich, Seniore Veräiner, Aktivitéiten a Begleedung, …),
  • Sécherheet fir Iech an Äert Doheem (Stierzmelder, Dampmelder, Persounen-Noutruffsystem, 24-Stonnen-Callcenter,…)

Dir braucht méi Informatiounen?
Kontaktéiert eis um 402080 oder schreift eis : info@shd.lu

Conselling at home
family

Zentralverwaltung

Stëftung Hëllef Doheem
48a, avenue Gaston Diderich
L-1420 Luxembourg

Adress

Stëftung Hëllef Doheem
B.P. 1878
L-1018 Luxembourg

Kontakt Donnéeën

Tél.: (+352) 40 20 80
Fax: (+352) 40 20 80 -6609
Email: info@shd.lu

Am Kader vun der neier europäescher Regulatioun fir den Schutz vu perséinlechen Donnéeën (GDPR / RGPD) hu mir eis Politik vu Dateschutz an Erfaassung vu Cookien aktualiséiert. Méi Informatioun.