D’Palliativfleeg vun der Stëftung riicht sech un all d’Bedierfnesser vun der kranker Persoun a hiren Nostoenden/hirer Famill, esou datt déi Betraffe bis zu hirem Dout an Dignitéit liewe kënnen.
Eist Team vun der spezialiséierter haislecher Fleeg vun der Stëftung Hëllef Doheem setzt sech aus geschoulten Experten zesummen, déi sech am Beräich vun der Palliativfleeg an am Traitement géint Péng spezialiséiert hunn.
D’Clientë kënne vun de Kompetenze vun eise Mataarbechter profitéieren, déi a ville Beräicher spezifesch Leeschtungen ubidde kënnen. Dozou gehéieren ënner anerem Traitementer géint Péng, mat oder ouni Medikamenter esouwéi d’Iwwerwaachen an d’Kontrolléiere vun de Symptomer. D’Wuelbefanne vun de Clientë gëtt duerch verschidden zousätzlech Methoden ënnerstëtzt, wéi beispillsweis duerch relationellt Beréieren, Aromatherapie an Entspanungstherapie.
D’Betreiung an d’Begleedung vun de Persounen, déi palliativ behandelt ginn an hir Nostoend/hir Famill esouwéi d’palliativ Kannerfleeg gehéiere gradesou zu den Tätegkeete vun eisem Team, wéi d’Berodung zu ethesche Froen an d’Informéieren iwwer d’Patienteverfügungen.
Eng enk Zesummenaarbecht mat de Spideeler, de Fachdokteren an der allgemenger Medizin ass primordial, fir Iech eng Betreiung vun héijer Qualitéit ze garantéieren.


