D’Stëftung Hëllef Doheem setzt op eng breet gefächert Betreiung vun hire Clienten. D’Zil dobäi ass et, de betraffene Leit een héchstméiglechst Mooss un Normalitéit a Liewensqualitéit an hirem Doheem z’erhalen. Dowéinst gëtt eis Offer fir d’Betreiung ëmmer erëm ugepasst an no de Besoine vun der Konnschaft erweidert. Dozou gehéieren och nei Pisten/Weeër am Beräich vun der Versuergung vu Wonnen.
Déi professionell Versuergung vu Wonnen doheem ass eng speziell Leeschtung, déi ëmmer méi Zoulaf kritt a sech als eng reell Plus-value fir d’Clienten erausstellt.
D’Äntwert op dës Fro ass fir déi ambulant Fleegedéngschter eng besonnesch Erausfuerderung, wéi d’Gertrud Eul-Kockelmann erkläert. Si ass Expert am Beräich vun der Versuergung vu Wonnen a schafft an der Abteilung fir Qualitéitsmanagement bei Hëllef Doheem.
Duerch eng ëmmer méi geréng Openthaltszäit vun de Patienten an de Spideeler, awer och duerch déi héich Unzuel u Leit mat chronesche Wonne sinn d’Ufuerderungen un d’Fleeg doheem geklommen an erfuerderen ëmmer méi dacks den Asaz vu Spezialisten aus de respektive/jeeweilege Fachberäicher.
„Fir eng erfollegräich Behandlung ze garantéieren, ass et primordial fir all Acteur vun der Fleeg, sech entspriechend ze qualifizéieren an op een internen Austausch ze setzen“, betount d’Spezialistin Eul-Kockelmann. Am Mëttelpunkt vun der Versuergung vu Wonne steet een individuelle Behandlungsplang fir all Client, deen Hand an Hand mat den Acteuren aus der Fleeg, mat eise Spezialisten an nom Ofschwätze mat de respektiven Dokteren ausgeschafft an duerno ausgeféiert gëtt.
Fir um aktuellste Stand vu fleegewëssenschafltechen a medezineschen Entwécklungen ze bleiwen, ginn eis Mataarbechter aus der Fleeg bei Hëllef Doheem permanent weidergebilt.
Eis Clientë kënnen net nëmme vun enger kompetenter Versuergung vu Wonnen, ma och vun enger liewenspraktescher Berodung profitéieren – dëst ass ee wesentleche Punkt am Management vu Wonnen. „Mir mussen de Leit am Ëmgang mat hirer Wonn op eng berodend Aart a Weis hëllefen, datt si wësse wat ze maachen ass, wärend deenen 23 Stonnen am Dag, wou mir net do sinn“, präziséiert d’Gertrud Eul-Kockelmann.
Déi ausgebilte Wonnenexpert erënnert an dësem Zesummenhang dann och un d’Wichtegkeet vum Dokumentéiere vun de Wonnen, datt den Therapieverlaf fir d‘Fleegepersonal an och fir de Client selwer ëmmer zur Verfügung steet. Hei kënnt den elektroneschen Dossier vun der Fleeg an d’Spill, deen Hëllef Doheem ubitt an dee sech als immens hëllefräich erausgestallt huet. Dësen Dossier vereinfacht net just d’Zesummenaarbecht vun all den Acteuren (Client, Fleeg, Dokter), ma dokumentéiert och den individuelle Plang vun der Fleeg, deen duerch méiglech Verännerungen einfach adaptéiert ka ginn.
Ënnert dem Begrëff Wonnemanagement ass eng strukturéiert, interdisziplinär Versuergung vu Wonnen ze verstoen, déi d’Analys, d’Behandlung, d’Péngtherapie an d’Dokumentatioun ëmfaasst.




