Als Noutruffdéngscht vun der Stëftung Hëllef Doheem betreit eise Service Sécher Doheem eis Clienten duerch de ganze Grand-Duché – schonn zanter 2001. Duerch eis laangjäreg Experienz, kombinéiert mat innovativen Technologien, suerge mir fir d’Sécherheet vun eise Clienten an erméiglechen hinnen ee Liewen am Esprit libre an hiren eegene véier Wänn. Déi spezifesch Bedierfnesser vun de Clientë stinn am Zentrum vun eisen Interessien. Dofir wëlle mir, no perséinleche Gespréicher, déi optimal Léisung fir a mat Iech zesumme fannen, esou datt Dir vun engem Package op d’Mooss profitéiere kënnt.
Vill vun eise Clienten hunn eis bestätegt, datt sech d’Familljememberen, no der Installatioun vun eisem Noutruffdéngscht, méi sécher fillen. Dës Zefriddenheet ass een Zeeche vu Vertrauen an eise Service vum Téléalarm.
