De Groussdeel vun de Brandaffer kënnt net séier genuch aus der Gebailechkeet déi brennt eraus. Well se schlofen, mierke si d’Dampentwécklung net – am Schlof ass d’Richorgan nämlech ausgeschalt. Wéi kënnt Dir Iech also effikass schützen? Loosst Iech een Dampmelder installéieren. Esou gitt Dir an engem Brandfall duerch den Dampmelder waakreg gemaach a kënnt mat Zäiten d’Pompjeeë ruffen, d’Feier selwer läschen oder Iech an Är Famill a Sécherheet bréngen.
Mir bidden eng breet Panoplie u verschiddene Sécherheets-Technologien un, déi mat eiser Zentral vu Sécher Doheem verbonne sinn. Zéckt net, eis Är Besoine matzedeelen: ob Fal- oder Waassermelder – mir freeën eis Iech mat eiser Ekipp vun Infirmieren an Technicker mat Rot an Dot ze hëllefen.


