Zanter dem Juli 2017 mécht d’Stëftung Hëllef Doheem, am Kader vum europawäitem Programm AAL (Active assisted Living), beim Projet LIVING WELL WITH ANNE mat.
D’Zil vun dësem Projet ass d’Kreatioun vum Avatar ANNE, deen de Leit mat enger liichter Demenz am Alldag mat Hëllef zur Säit stoe soll.
Siwe Partner aus véier europäesche Länner (Lëtzebuerg, Italien, Schwäiz an Holland) mat Spezialisten aus de verschiddenen Domänen (Soinen, wëssenschaftlech Recherchen an IT) hu sech zesumme gedoen, fir an engem Konsortium mateneen ze schaffen.
Op laang Siicht soll de Projet ANNE déi liicht Vergiesslechkeet vun de Betraffene kompenséieren. Gëtt dës Hëllefsstellung ufanks nëmme minimal Impulser, entwéckelt sech de System weider (orientéiert um Stadium vun der Persoun) a bitt dem Betraffenen, de Famillen a schliisslech dem Fleegeservice wichteg Informatioune fir eng ugepasste Behandlung.
De System ANNE déngt dem Utilisateur als Erënnerungsstäip, wann dësen zum Beispill Flëssegkeet oder Medikamenter zou sech huele soll oder ee Rendezvous anhale muss. Och aner ënnerschiddlech Doten am Alldag kann de System ANNE duerchféieren (Uedere ginn, fir d’Heizung unzemaachen oder ze baken).
Dësen dräi Joer jonke Projet gëtt vun der Europäescher Kommissioun an hire Partnerlänner finanzéiert. Déi lëtzebuergesch Participatioun leeft iwwer de Fonds National de la Recherche (FNR), (INTER/AAL/16/11578864).
Déi Lëtzebuerger Kontaktpersoun ass d’Madamm Viviane von Döllen, Haaptfuerscherin bei Hëllef Doheem a Member vum Service Développement Organisationel (Email: viviane.vondoellen@shd.lu).