Innovation

DAPAS – een europäesche Projet am Kader vum AAL (Acitve assisted Living)

DAPAS baséiert op fréiere Projete vum AAL, déi Technologien entwéckelt hunn, fir eelere Persounen eng Hëllef am Stot unzebidden. Déi Betraffe sollen esou laang wéi méiglech doheem bleiwen an autonom liewe kënnen.

D’Zil vun DAPAS ass d’Entwéckele vun engem gemeinsamen Outil, dee jee no Besoin vun de concernéierte Persounen adaptéiert ka ginn. DAPAS soll deemno verhënneren, datt eeler Leit bei all gesondheetlecher Verännerung an hirem Liewen nei Apparater mat ënnerschiddleche Funktiounen a Servicer kafe mussen – DAPAS soll all vereenegen!

De Projet huet den 1. September 2018 ugefaangen a wäert 36 Méint daueren.

DAPAS soll dräi Päck mat Servicer entwéckelen. Éischtens ass ee méi simpelen Outil geplangt, deen dem Divertissement an der Kommunikatioun (Agenda, Journalen, Radio, Video-Kommunikatioun, Tëlee etc.) déngt, éier et duerno ëm déi praktesch Hëllef am Stot geet. Schliisslech komme weider Funktioune bäi, déi de concernéierte Leit Sécherheet a Wuelbefanne bidde sollen. Dës Servicer ginn op fräiwëlleger Basis vu 40 eelere Persoune an dräi europäesche Länner (Lëtzebuerg, Portugal an Éisträich) getest. Am dësem Kader kréien d’Leit Coursen iwwer Themae wéi:

  • mental fit bleiwen,

  • sozial engagéiert sinn,

  • op seng Gesondheet oppassen.

No dëse Coursë kréien 20 vun de 40 Persounen den Tool DAPAS fir den Alldag zur Verfügung gestallt. D’Resultater vum Gebrauch ginn an nächsten Etappe vun der medezinescher Universitéit Wien gepréift an op hir reell Plus-value hin analyséiert.

D’Stëftung Hëllef Doheem ass de responsabele Partner vun de Field Trials.

Zesumme mat der medezinescher Universitéit Wien séchert d’SHD een éierbaren Asaz an een impeccabelen Deroulement am Kader vun de Field-Trials-Analysen.

Bei der Realisatioun vun dësem Projet gi mir vum Fonds National de la Recherche (FNR, projet INTER/AAL/17/11747168) finanziell ënnerstëtzt.

Zentralverwaltung

Stëftung Hëllef Doheem
48a, avenue Gaston Diderich
L-1420 Luxembourg

Adress

Stëftung Hëllef Doheem
B.P. 1878
L-1018 Luxembourg

Kontakt Donnéeën

Tél.: (+352) 40 20 80
Fax: (+352) 40 20 80 -6609
Email: info@shd.lu

Am Kader vun der neier europäescher Regulatioun fir den Schutz vu perséinlechen Donnéeën (GDPR / RGPD) hu mir eis Politik vu Dateschutz an Erfaassung vu Cookien aktualiséiert. Méi Informatioun.