GDPR

Verwendung vu Cookies

Fir all Utilisateur, deen um Site surft, gebraucht d’Stëftung Hëllef Doheem sougenannten „Cookies“. Dobäi handelt et sech ëm kleng Fichier-Texter, déi op dem Computer vum Utilisateur, dee sech deen Ament op der Websäit befënnt, hannerléisst. Dëse System sammelt Informatiounen iwwer de Benotzer, dorënner och d’IP-Adress (Internet-Protokoll) an déi duerchgefouert Aktioune vum User op der Websäit. Een Deel vun dëse Cookies sinn essentiell, fir dem Utilisateur d’Gesamtheet vun de Funktionalitéiten op der Internet-Säit unzebidden an d’Navigatioun duerch de Site ze vereinfachen.

Sougenannten Drëttcookies, déi vu Google Analytics opgeholl ginn, sammelen Informatiounen doriwwer, wéi den Internetuser iwwer de Site navigéiert. Si erméiglechen der Stëftung Hëllef Doheem Statistiken opzestellen, déi Erkenntnesser iwwer d‘Exploitatioun vun de Visiteuren um Site liwweren. D’Stëftung Hëllef Doheem huet Google Analytics op der Websäit implantéiert a krit doduerch Informatiounen iwwer déi geographesch Zon, aus där de Benotzer eraus um Site navigéiert. Dobäi gi guer keng Donnéeë gesammelt, déi et erlabe fir u perséinlech Informatioune vum Utilisateur ze kommen.

Gëtt d’Verwendung vu Cookies an den Astellunge vum Benotzer akzeptéiert, gëtt dëse soumat den Accord, fir den Outil vun de Cookies esou ze gebrauchen, wéi et an dëser Informatiouns-Nott steet.

Et ass jidder Utilisateur fräigestallt, fir zu all Moment dëse System ze refuséieren, ze desaktivéieren an en Deel oder d‘Gesamtheet vun de Cookies ze läschen, déi un d’Stëftung Hëllef Doheem oder u Google Analytics weidergi sinn. De Visiteure vun der Websäit steet et och fräi, d’Optiounen duerch hiren Navigateur selwer ze verwalten. Doduerch kritt de Benotzer et erméiglecht, sech op SHD.lu ze beweegen, ouni eng Trace ze hannerloossen.

Wann de User seng E-Mail-Adress op der Websäit hannerléisst, gëtt autoriséiert an akzeptéiert, datt d’Stëftung Hëllef Doheem dem Benotzer Informatiounen däerf zoukomme loossen.

Verbrauchskonditiounen

De User gëtt un, datt hien d’Risikoen an d’Limitte vum Internet zur Kenntnes hëlt. De Benotzer hëlt mat Averständnes un, datt d’Stëftung Hëllef Doheem net responsabel ka gemaach gi fir:

  • Virussen oder Malwares, déi vun engem Drëtten an de Site implantéiert kënne ginn
  • Phishing-Attacken
  • technesch Problemer, déi duerch de Site SHD.lu verursaacht goufen
  • Netzwierkproblemer an eng Indisponibilitéit vum Site

De Benotzer gëtt un, datt hien iwwer d’Verbrauchkonditiounen a Kenntnes gesat gouf. Duerch d‘Navigéieren um Site akzeptéiert de User d’Verbrauchskonditiounen an hirer Gesamtheet. Wann den Utilisateur mat dëse Konditiounen net averstanen ass, ass et net méiglech, sech weider um Site opzehalen an dësen ze benotzen.

De User deklaréiert, datt säi Computer-System geupdate a korrekt agestallt ass a keng Gefor fir de Site duerstellt, wa mat engem Computer, enger Tablett, engem Smartphone an all aner Apparat op der Websäit gesurft gëtt.

Den Utilisateur engagéiert sech der Reputatioun vun der Stëftung Hëllef Doheem net ze schueden, se net ze diffaméieren an ze harceléieren a keng Form vu Menacen auszeschwätzen.

De Benotzer gëtt ausdrécklech un iwwer méiglech Feeler oder Lacunnen um Site an am System um Lafenden ze sinn – och wa vu Säite vun der Stëftung Hëllef Doheem dru geschafft gëtt, d’Feelerquot méiglechst niddreg ze halen an Onopmierksamkeeten ze behiewen. A kengem Fall kann d’Stëftung Hëllef Doheem responsabel gemaach ginn, wa Schied duerch Informatiounen um Site entstane sinn.

Géigestand vun der Websäit (an Ënnersäiten)

D’Navigéieren duerch de Site SHD.lu ass fir kee User mat Käschte verbonnen an huet d’Funktioun fir:

  • déi ënnerschiddlech Servicer vun der Stëftung Hëllef Doheem virzestellen, ze erklären an ze verbreeden
  • iwwer d’Fleegeservicer ze informéieren
  • d’Donnéeë vun den Zentre vun der Stëftung an hire Responsabelen ze vermëttelen
  • sech fir den Newsletter unzemellen a soumat Informatiounen iwwer Prestatioune vun der Stëftung un interesséiert Persounen ze liwweren
  • sech online via den Jobportal fir eng Aktivitéit bei der Stëftung Hëllef Doheem unzemellen

Clientsinformatiounen

D’Donnéeën, déi iwwer den Jobportal un d’Stëftung Hëllef Doheem erugedroe goufen, gi wärend dräi Méint stockéiert. De User gëtt mat dësem Akt d’Zouso fir d’Gesamtheet vun den Donnéeën, déi en un d’Stëftung Hëllef Doheem ginn huet, ze lageren an traitéieren ze loossen. A kengem Fall gëtt d’Stëftung Hëllef Doheem dës perséinlech Informatiounen ewech oder verkeeft se – op nationalem oder internationalem Plang – un een Drëtten.

Konform zu dem europäesche Reglement, dat sech der Protektioun vu perséinlechen Donnéeën (GDPR 2016/679) verschriwwen huet a sech mat dem konformen Traitement vun dësen Informatioune beschäftegt, huet de User een Zougangs-, Rektifikatiouns- an Oppositiounsrecht vu sengen Donnéeën – gratis an an engem raisonnabelen Intervall. Fir vun dëse Rechter ze profitéieren, kann de User d’Stëftung Hëllef Doheem op der E-Mail-Adress dpo@shd.lu kontaktéieren.

Déi genannten Informatiounen um Internetsite dei d’Employéë vun der Stëftung Hëllef Doheem concernéieren: dës sinn ausschliisslech am Kader vun hirer berufflecher Praxis an der Stëftung zitéiert.

Fir all Reklamatioun oder Fro iwwer d‘Protektioun vu perséinlechen Donnéeën hält sech eise Service DPO (Data Protection Officer) op der E-Mail-Adress dpo@shd.lu zur Verfügung.

Kontakt

Stëftung Hëllef Doheem

Sëtz:

48 A, Avenue Gaston Diderich

L-1420 Lëtzebuerg

Tel.: 40-20-80

Webmaster: com@shd.lu

Data Protection Officer: dpo@shd.lu

Zoutreffend Gesetz

All Rechtssträit, verbonne mat der Websäit SHD.lu, fält ënner d’lëtzebuergescht Gesetz a gëtt ënnert der Kompetenz vun de lëtzebuergeschen Tribunaler behandelt.

Gesondheetsinformatiounen

D’Gesondheetsinformatiounen, déi op der Internetsäit vun der Stëftung Hëllef Doheem iwwermëttelt ginn, déngen als Informatioun fir de User. Déi presentéiert Informatiounen op dëser Websäit ersetze weder den Avis vun engem Dokter, nach déi fachmännesch Berodung vun enger gesondheetlecher Beruffskraaft. A kengem Fall remplacéieren d’Informatiounen op SHD.lu eng Consultatioun beim Dokter oder engem Professionellem aus dem Gesondheetsberäich.

D’Stëftung Hëllef Doheem entzitt sech der Responsabilitéit vun all Zort vu Schied, déi aus den Informatiounen um Internetsite entzu goufen.

Lienen op aner Websäite wéi SHD.lu

D’Stëftung Hëllef Doheem huet keng Awierkung a keng Kontroll op de Contenu vun externe Sitten. All Lien gëtt als titre informatif uginn, soumat kann d’Stëftung Hëllef Doheem fir kee Contenu vun enger anerer Websäit responsabel gemaach ginn.

Intellektuellen an editoriale Besëtz

D’Websäit vun SHD.lu, d’Struktur an d’Form vum Site souwéi d’Gesamtheet vum Contenu (Texter, Graphiken, Fotoen, Videoen, Logoen, Audio-Fichieren, Informatiounen an all aner Element online) sinn am exklusive Besëtz vun der Stëftung Hëllef Doheem. De kompletten Inhalt vun der Websäit ass duerch sougenannten Droit-d’Auteure geschützt, gëtt als intellektuelle Besëtz unerkannt a trëtt ënner der lëtzebuergescher Legislatioun esou a Kraaft. All Gebrauch vun engem Drëtten, d’Reproduktioun, d’Kopie (an der Gesamtheet oder partiell) souwéi d’Citatioun op all Zort vu Kommunikatioussupport ass verbueden. Dëse Verbuet ka just no enger schrëftlecher Ufro un d’Direktioun vun der Stëftung Hëllef Doheem ausser Kraaft gesat ginn.

D’Editéiere vun der Websäit vun der Stëftung Hëllef Doheem passéiert ënnert der Responsabilitéit vun der administrativer Direktioun. De Site gouf vun der Kommunikatiouns-Agence reperes konzipéiert a realiséiert.

D‘E-Mail-Adress com@shd.lu vun der Stëftung Hëllef Doheem steet fir all Zort vu Remarken zur Verfügung.

D’Stëftung Hëllef Doheem hëlt sech d’Recht, fir de Site zu all Moment kënnen ze modifiéieren, ze adaptéieren a Contenu ze läschen (an der Gesamtheet oder partiell).

Zentralverwaltung

Stëftung Hëllef Doheem
48a, avenue Gaston Diderich
L-1420 Luxembourg

Adress

Stëftung Hëllef Doheem
B.P. 1878
L-1018 Luxembourg

Kontakt Donnéeën

Tél.: (+352) 40 20 80
Fax: (+352) 40 20 80 -6609
Email: info@shd.lu

Am Kader vun der neier europäescher Regulatioun fir den Schutz vu perséinlechen Donnéeën (GDPR / RGPD) hu mir eis Politik vu Dateschutz an Erfaassung vu Cookien aktualiséiert. Méi Informatioun.