Ënnerstëtzt eis Projeten iwwer de Wee vun engem online Don, engem Virement oder engem Ordre permanent. D’Iwwerweisunge fir d’Stëftung Hëllef Doheem kënne Privatleit, wéi och Betriber am Kader vun de gesetzlech fixéierte Limitte vun hire Steieren ofsetzen. Dës finanziell Stäip erlaabt eis, fir eis weiderzëentwéckelen an eis Offer fir krank, behënnert an op Hëllef ugewise Leit ze diversifiéieren.
