Mir wëllen Déi Referenz an eisem Aktivitéitsberäich sinn! Eisen héije Qualitéitsusproch féiert d’Stëftung dohin, als Referenz op dem Fleegesecteur zu Lëtzebuerg an am noen Ausland ugesinn ze ginn.
Als Employeur ass et eis doriwwer eraus wichteg, datt mir vun eise Mataarbechter awer och vun der breeder Ëffentlechkeet als "Employeur de choix" ugesi sinn.
Eiser Konnschaft ass et wichteg, datt eis Soignantë perséinlech a mat grousser Professionalitéit no hir kucken. Frëndlechkeet, Sensibilitéit, Pénktlechkeet an Toleranz maachen ee groussen Deel vum professionellen Ëmgang mat eise Clienten aus. Esou sti Valeure wéi Respekt, Héiflechkeet, Éierlechkeet, Hygiène a Propretéit souwéi Zouverlässegkeet, Sécherheet a Vertraue ganz uewen un der Dagesuerdnung vun eisen Hëllef-Doheem-Mataarbechter. D’Zil ass d’Zefriddenheet vun all eise Clienten ze garantéieren.
Dobäi schaffe mir ënnert der chrëschtlecher an holistescher Approche un de Mënsch – eis Offer zielt fir jidderee gläich.
Mir als Mataarbechter vun der Stëftung Hëllef Doheem spillen déi zentral Roll.
Eis Professionalitéit, eist Engagement, eist Optrieden an eist Behuele bestëmmen d’Siichtweis, wéi eis Servicer vun der Konnschaft an dem Entourage souwéi vun der Ëffentlechkeet wouergeholl ginn. Dat gutt Aarbechtsklima, dat primordial fir d’Wuelbefanne vun de Mataarbechter an domat och fir déi gutt Ëmsetzung vun eise Servicer ass, baséiert op dem Ekippegeescht, der Zesummenaarbecht an dem géigesäitege Respekt vun eisen Aarbechtskolleegen.



