Mir betreie Mënsche mat engem Hëllefs- a Fleegebesoin vun allen Altersgruppen, Natiounen a Reliounen an dat onofhängeg vun hirer sozialer Situatioun, hire politeschen a philosopheschen Usiichten an Iwwerzeegungen – eist Zil besteet doran, hinnen ee Liewen an hirem gewinnte familiären Ëmfeld ze erméiglechen.
D’Stëftung wëllt d’Bedierfnesser vun de Mënsche mat engem Hëllefs- a Fleegebesoin net isoléiert an am eenzele wouerhuelen, mä hinnen eng komplett a wäitsiichteg Fleeg ubidden a se mat Interaktiounen abannen. Ënnert der Berücksichtegung vun der Liewensgeschicht, der Eegenheet an Eenzegaartegkeet vun all Mënsch, deen op eng Hëllef oder op eng Fleeg ugewisen ass, droe mir zu engem physeschen, psycheschen a soziale Wuelbefanne bäi.
Mat eiser professioneller Fleeg fërdere mir d’Eegen- a Selbststännegkeet vun de Mënsche mat engem Hëllefs- a Fleegebesoin an droen zu dem Erhale vun hirer Autonomie an hire Kompetenze bäi. Duerch präventiv an aktiv Moossname wëlle mir d’Hëllefs- a Fleegebesoine vun eise Clienten erofsetzen an esou hir Liewensqualitéit erhéijen.
Eist Zil besteet doran, de Mënschen, déi un eng spezifesch Hëllef a Fleeg ugewise sinn, mat engem individualiséierte Programm entgéintzekommen. Fir eis ass et dofir wichteg, de Clienten eng Bezuchspersoun mat engem Fleegeteam un d’Säit ze stellen, déi eng patienten- a clientenorientéiert Betreiung assuréieren.
Respekt, Héiflechkeet, Pénktlechkeet, Éierlechkeet, Hygiène a Propretéit, souwéi Zouverlässegkeet, d’Vermëttlung vu Sécherheet a Gebuergenheet si wichteg Wäerter am Kader vun eiser Aarbecht, fir d’Zefriddenheet vu jidder eenzele Client ze assuréieren.
D’Stëftung verfollegt eng gutt an enk Zesummenaarbecht mat dem noen Ëmfeld an de Famille vun de Mënsche mat engem Hëllefs- a Fleegebesoin. Gemeinsam soll eng beschtméiglechst Ënnerstëtzung ausgeschafft ginn, fir dat si bei hire sozialen, physeschen a psycheschen Tâchë begleet kënne ginn.
De partnerschaftlechen Austausch an eng vertrauten Zesummenaarbecht tëscht den Dokteren, Assistant-sociallen, Gemengen, fräiwëllegen Initiativen, Dageszentren, Spideeler souwéi anere sozialen, ëffentlechen a privaten Ariichtungen an Hëllefsorganisatiounen si fir d’Stëftung Hëllef Doheem vu grousser Wichtegkeet.
Hëllefs- a Fleegezentren, déi un d’Besoinen an d’Mobilitéit vun de Clienten ugepasst sinn, fërderen d’Proximitéit, d’Accessibilitéit an den direkte Kontakt tëscht der Stëftung an de Patienten. Mir bréngen eis aktiv an dat lokaalt, soziaalt a gesellschaftlecht Liewen an a passen eis flexibel an zukunftsorientéiert de gesellschaftleche Bedierfnesser, sief et op regionalem souwéi op nationalem Niveau, un.
Mir fërderen an entwéckelen d’Kompetenzen an d’Fäegkeete vun eise Mataarbechter op fachlech-techneschem a sozial-kommunikativem Plang duerch eng konsequent Fort- a Weiderbildung, Begleedung a Supervisioun.
Mir schaffen an der Ekipp pluridisziplinär a partnerschaftlech zesummen an hëllefen a fërderen eis mat géigesäitegem Respekt. Duerch eng fachgerecht Dokumentatioun an eng aktiv Kommunikatioun droe mir zu der Qualitéit a Kontinuitéit an der Fleeg bäi.





