Am Alter vun 80 Joer huet de Fausti eis fir ëmmer verlooss.
Déi ganz Hëllef Doheem Famill wäert hien a gudder Erënnerung behalen, mir hate jo grad en flotte Projet mat him realiséiert. All Mataarbechter huet virun e puer Deeg als Kaddo ënnert anerem en CD erhalen. Dëse CD als Message vu Courage a Freed an dëser schwiereger Zäit ass voll mat Gutt-Laun-Musek vum Fausti an en echte Motvatiounsschub.
Dem Fausti säin aussergewéinlecht Talent fir gutt Laun, Freed an Hoffnung ze verbreeden huet sech eemol méi gewisen, wéi hie mat Begeeschterung derbäi war, fir den Hëllef Doheem Kaddo mat ze ënnerstëtzen. Do huet hien eis, awer och mir hien... namol richteg frou gemaach.
An eiser nächster doHEEM informéiert Editioun war en groussen Interview mat him geplangt, dozou kënnt et elo leider net méi.
Wann Dir méi iwwert dem Fausti säi beweegte Liewe wëllt wëssen, hei de Link op RTL: https://www.rtl.lu/kultur/news/a/1675619.html